Zu NouspeltAbriecher klaue Gewierer a Munitioun aus engem Haus

RTL Lëtzebuerg
Och zu Weiler zum Tuer gouf agebrach an an der Stad gouf eng Posch aus engem Auto geklaut.
En Deel vun der geklauter Munitioun gouf zu Kiele séchergestallt.
© RTL Archiv

An der Nuecht op e Mëttwoch sinn onbekannte Persounen duerch eng oppe Garage an en Haus an der Rue de Dondelange zu Nouspelt agedrongen. Wéi si dobanne waren, hu si e Waffeschaf, deen am Keller stoung, opgemaach a véier Gewierer a Munitioun geklaut. Zwee vun de Gewierer goufen duerno baussent dem Haus fonnt.

Am Kader vun enger Enquête, déi an d'Weeër geleet gouf, gouf dann en Deel vun der geklauter Munitioun op engem Feldwee zu Kiele séchergestallt.

E Mëttwochnomëtteg krut d'Police e versichten Abroch an en Haus an der Rue du Schlammestee zu Weiler zum Tuer gemellt. Zwou Persoune sinn hei geflücht, wéi si vun engem Bewunner gesi goufen. Ee vun de Brigangen huet den Awunner bei der Flucht op de Buedem gehäit. Dëse gouf dobäi liicht blesséiert.

Déi zwee Verdächteg si vun enger drëtter Persoun mat engem Auto ofgeholl ginn. Déi Dräi si schliisslech Richtung Frankräich geflücht. Eng Enquête gouf an d'Weeër geleet, huet awer kee Resultat bruecht. Et gouf awer en Tournevis séchergestallt, deen ee vun de Verdächtegen op der Flucht ewechgeheit huet.

Géint 19:30 Auer e Mëttwochowend gouf der Police dann en Abroch an e Gefier op engem Parking an der Stater Avenue Kennedy gemellt. Een oder e puer onbekannt Täter hunn hei d'Fënster vum Gefier ageschloen an eng Posch geklaut. De Besëtzer konnt d'Posch allerdéngs kuerz drop an engem Park an der Géigend vum Parking erëmfannen. D'Suen, déi virdrun nach an der Posch waren, hunn allerdéngs gefeelt.

E Sonndeg scho gouf dann e Mann festgeholl, deen an engem Buttek an der Avenue Pasteur um Lampertsbierg Alkohol geklaut huet. Hie koum virun den Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO