PoliceAbriecher klaut Keess an Alkoholfläschen aus Café zu Esch

RTL Lëtzebuerg
D'Police mellt 2 Abréch an der Nuecht op e Freideg. Zu Esch hat sech een an engem Café zerwéiert an zu Rëmeleng konnt en Abriecher nach flüchten.
© RTL Archiv

An der Nuecht op e Freideg war en Onéierlechen zu Esch-Uelzecht duerch eng Fënster an e Café agebrach. Hei konnt hien d’Keess mat Boergeld an eng Partie Fläschen Alkohol mathuelen, éier hie geflücht ass.

An de fréie Moiesstonne war der Police iwwerdeem en Abroch an en Appartementshaus an der Rue de la Fontaine zu Rëmeleng gemellt ginn. Hei ass den Abriecher warscheinlech iwwer d’Stee vun engem Chantier an d’Gebai komm. Wéi en Awunner den Täter erwëscht huet, ass de Mann geflücht.

A béide Fäll war d’Spueresécherung op der Plaz an Ermëttlunge goufe lancéiert.

Back to Top
CIM LOGO