
Tëscht 23 an 7 Auer e Méindeg de Moien huet en Onbekannten an der Avenue Pasteur an der Stad eng Fënster nieft der Entréesdier vun engem Café ageschloen, fir d'Dier kënnen opzebriechen. Hie konnt eng kleng Zomm Suen aus der Keess klauen.
Um 23.50 Auer war et zu Fréiseng an der Beetebuergerstrooss zu enger Kläpperei tëscht 20 Persounen komm. Wéi d’Patrullen ukoumen, hate sech d'Gemidder awer scho berouegt an déi meescht waren um Wee Heem. Zwou Persounen, déi de Sträit wollte verhënneren, hu sech iwwer liicht Blessuren geiergert.
Géint 2 Auer gouf zu Esch en opfällege Chauffer gestoppt. Hie war staark alkoholiséiert an donieft e Fuerverbuet. Et gouf protokolléiert.
Dee Chauffer, deen um 4.45 Auer zu Diddeleng ugehal gouf, hat och ze déif an d'Glas gekuckt an huet säi Permis direkt missen ofginn.
Vum CGDIS gouf nach gemellt, dass eng Persoun e Méindeg de Moien um 10 Auer an der Rue Dr Klein zu Ettelbréck vun engem Auto ugestouss gouf. D’Persoun wier blesséiert ginn.