Daachverband vun den AssurancenACA geet vun engem Schued an Héicht vu 50 Milliounen Euro aus

RTL Lëtzebuerg
Vollgelafe Kelleren an Autoen, déi ënner Waasser stinn. D'Héichwaasser an de staarke Reen hunn d'Existenze vun enger Rei Awunner menacéiert.
ACA geet vu Schued an Héicht vu 50 Milliounen Euro aus
Vollgelafe Kelleren an Autoen, déi ënner Waasser stinn. D'Héichwaasser an de staarke Reen hunn d'Existenze vun enger Rei Awunner menacéiert.

Déi Betraffen stinn net nëmme virun den Opraumaarbechten, ma och virun der Fro, ob a wéi eng Versécherung de Schued ofdeckt. Mir haten an deem Kontext mam Daachverband vun de Versécherungsgesellschaften ACA geschwat.

Stroossen, Kelleren a Geschäfter goufen duerch d'Héichwaasser iwwerschwemmt. Den Daachverband vun de Versécherungsgesellschaften huet bis ewell eng éischt Estimatioun vun der Héicht vun de Käschten annoncéiert. Aktuell geet ee vun engem Schued vu 50 Milliounen Euro aus.

Zënter 2017 bidden d'Lëtzebuerger Assureuren eng Versécherung fir Iwwerschwemmungsschied fir privat Leit un. Ma net all d'Leit, déi elo vu Schied betraff sinn, dierften esou eng Versécherung hunn. Net all entstane Schued duerch de staarke Reen gëtt duerch eng Versécherung ofgedeckt. Ma wéinst der Sensibiliséierung an de leschte Jore wier d'Nofro vun der Versécherung fir Iwwerschwemmungsschied grouss gewiescht.

Och gëtt et eng Versécherung fir Ënnerbriechunge vun engem Betrib. Dës gräift, wann e Betrib oder ee Commerce wéinst Héichwaasser oder Reen-Schied zoumaache muss a kompenséiert den Ausfall vum Revenu. Esou eng Versécherung huet allerdéngs hire Präis.

D'Regierung stellt dann och Hëllefen an Héicht vu 50 Milliounen Euro bereet. Wei schonn 2016 beim Héichwaasser an dem Tornado virun 2 Joer wëll den Inneministère eng direkt Hëllef bei Schied vu Gebaier ausbezuelen, wann d'Versécherungen net fir d'Schied opkommen.

RTL-Artikel: Héichwaasser: Wat ass a puncto Assurancë wichteg ze wëssen?

Back to Top
CIM LOGO