Zu DiddelengAccident mat E-Trottinett, Chauffer war alkoholiséiert a koum an d'Ausniichterungszell

Andy Brücker
D'E-Trottinett gouf vun der Police saiséiert.
© Archiv

E Méindeg den Owend géint 22:40 Auer krut d'Police en Accident op der Route de Luxembourg an der Stad gemellt, bei deem eng Persoun op enger E-Trottinett soll gefall sinn a sech dobäi eventuell kéint blesséiert hunn.

Wéi d'Police op der Plaz ukomm ass, huet se en alkoholiséierte Mann ugetraff. Deen huet refuséiert an d'Spidol ze goen, fir medezinesch kontrolléiert ze ginn. Och en Alkoholtest wollt de Mann net maachen, wouropshin en e provisorescht Fuerverbuet kritt huet. D'E-Trottinett gouf saiséiert an et gouf e Protokoll geschriwwen.

Well de Mann sech onkooperativ géintiwwer de Policebeamte verhalen huet, koum en an d'Ausniichterungszell, dat no engem medezineschen Check.

Back to Top
CIM LOGO