Dräi Autoen am CoupAccident mat sechs Blesséierten op der A4

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg den Owend koum et op der Escher A4 zu engem gréisseren Accident. Véier Ambulanze waren am Asaz.
© CGDIS Archivbild

En Accident mat direkt sechs Blesséierte gouf et en Dënschdeg den Owend géint 18.30 Auer op der Escher A4 am Beräich Esch Lankelz, wou sech dräi Autoen ze pake kruten. Véier Ambulanze vu Beetebuerg, Esch a Mamer waren op der Plaz, grad ewéi d’Pompjeeë vun Esch a Monnerech.

Bei engem weideren Accident tëscht zwee Autoe géint 18 Auer op der RB15 tëscht Ettelbréck an Nidderfeelen gouf et iwwerdeems keng Blesséierter.

Weider mellt de CGDIS nach en Tëschefall géint 6.30 Auer e Mëttwoch de Moien an der Lëtzebuerger Strooss zu Iechternach. Zwee Ween krute sech do ze paken an eng Persoun gouf verwonnt.

Zwee weider Blesséierter gouf et e Mëttwoch de Mëtteg géint 16.12 Auer bei enger Kollisioun tëscht 3 Autoen an der Stad. Op der Plaz waren de Samu an d’Rettungsdéngschter aus der Stad.

Back to Top
CIM LOGO