ZeienopruffAccident no Streidereien zu Dummeldeng? Police freet no Zeien

RTL Lëtzebuerg
E Freideg géint 14.20 Auer soll et an der Rue Jean Engling zu Dummeldeng no engem Sträit tëscht engem Mann an enger Fra zu engem Accident komm sinn.

Dat mellt d’Police um Mëttwoch. Bei deem Accident wier eng Persoun ugestouss ginn.

Ween eppes gesinn huet, soll sech wgl. bei der Police melle via Telefon um (+352) 244 40 1000 oder via E-Mail op police.luxembourg[at]police.etat.lu.

Back to Top
CIM LOGO