
E Sonndeg géint 17 Auer war am Tunnel Grouft en Auto widder den Trottoir gerannt, wouduerch e sou beschiedegt gouf, dass den Auto net weiderfuere konnt. E stoung op der rietser Spuer, wouduerch déi du blockéiert war. De CITA huet déi Spuer dann och iwwert d'Affichage-Panneaue gespaart.
Dat huet en aneren Automobilist awer net gesinn an ass dem immobiliséierten Auto, an deem 2 Persoune souzen, hannendrop gefuer. Béid Persoune goufe liicht blesséiert a koumen an d'Spidol.
Déi zwee Gefierer hu just nach Schrottwäert.
Wärend den Opraumaarbechten huet den Tunnel komplett musse gespaart ginn. Den Trafic gouf vun der Sortie Luerenzweiler un ëmgeleet. Géint 18.30 Auer war den Accident geraumt an den Trafic huet sech normaliséiert.