
Den Automobilist hat op naasser Streck d'Kontroll iwwer säi Won verluer a war op d'Géigespuer geroden, wou et zur Kollisioun koum. De Fuerer vum Auto huet vun de Rettungsekippe missen aus sengem Auto befreit ginn. Hien ass liicht blesséiert ginn a koum zur Kontroll an d'Spidol. De Buschauffer gouf net verwonnt. Ee Passagéier huet eng liicht Blessur um Been. Béid Alkoholtester waren negativ.
Den Ettelbrécker Samus-Noutdokter war op der Plaz, grad ewéi d'Pompjeeë vun Dikrech an Tandel, an d'Dikrecher Ambulanz.
Um 1 Auer e Freideg huet et op der Garer Plaz an der Stad an engem Appartement gebrannt. Weider Detailer feelen. Hei ass awer kengem eppes geschitt.
E Freideg de Moie géint 9.40 Auer koum et zu Boufer an der Lëtzebuerger Strooss zu enger Kollisioun mat zwee Gefierer. Eng Persoun gouf verwonnt.