
Éischten Informatiounen no koum eng Persoun blesséiert an d'Spidol.
D'Streck war wärend de Botz- an Opraumaarbechte gespaart.

Wéi den 112 schreift, koum et och op aner Plazen am Land zu Tëschefäll op eise Stroossen.
Kuerz no 6 Auer e Mëttwoch de Moien hate sech op der Tréierer A1 2 Autoen am Tunnel Houwald ze pake kritt. Hei ass kengem eppes geschitt.
Um 7.46 Auer war et zu Monnerech an der Lampecher Strooss eng Kollisioun tëscht engem Moto an engem Auto. Eng Persoun gouf heibäi verwonnt.
Nach ee Blesséierte gouf et géint 8.50 Auer op der A13 vu Suessem an Direktioun Gadderscheier. Do war en Auto an d'Leitplanke gerannt.
Um 9.17 Auer sinn op der Nordstrooss op der Héicht vu Schieren en Auto an e Camion aneneegerannt. Et gouf ee Blesséierten.
Verwonnt gouf nach eng Persoun bei engem Accident géint 10.30 Auer nach emol op der Tréierer A1 a Richtung Rondpoint Serra. Hei hat et tëscht 2 Autoe gerabbelt.