CR178Accident tëscht dem Schléiwenhaff a Riedgen, Samu war op der Plaz

RTL Lëtzebuerg
E Freideg am spéide Mëtteg koum et um CR178 tëscht dem Schléiwenhaff a Riedgen zu engem Accident mat engem Blesséierten.
© Domingos Oliveira

En Automobilist hat d'Kontroll iwwer säi Won verluer an ass an der Suite um Daach gelant. De Samu war op der Plaz an de Chauffer koum an d'Spidol.

E weideren Accident gouf et tëscht Buddelerbaach a Weydeg. Hei goufen et 2 Liichtblesséierter.

Back to Top
CIM LOGO