Op eise StroossenAccident tëscht Munneref an Elleng-Gare mat zwee Blesséierten

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg den Owend géint 19 Auer krute sech zwee Autoen ze paken, dobäi goufen zwee Leit blesséiert. De Samu an d'Rettungsekippe waren am Asaz.
© Samu / Domingos Oliveira

Wéi d’Police matdeelt, wollt eng Automobilistin, déi op der N16 aus Direktioun Réimech koum, ofbéien, fir op d’A13 ze fueren. Dobäi war hiren Auto mat engem Won, deen hier entgéint gefuer komm, kollidéiert.

D’Fuererin vum Auto, deen ofgebéit war, gouf op der Plaz medezinesch versuergt a gouf duerno an d’Spidol bruecht. Déi aner Automobilistin gouf op der Plaz behandelt. D’Police huet e Rapport geschriwwen.

Back to Top
CIM LOGO