CGDISAccident tëscht zwee Autoen an engem Militär-Dingo tëscht Housen a Maarnech

RTL Lëtzebuerg
De CGDIS mellt am Laf vum Mëttwoch de Mëtteg direkt dräi Accidenter an sechs Bränn.

Een Accident tëscht Housen a Maarnech géint 14h50 e Mëttwoch war méi speziell. Am Video, deen an de soziale Medien den Tour mécht, gesäit een, datt hei en Dingo vun der Arméi an zwee Autoen dra verwéckelt waren. Een Auto gouf vir an hanne beschiedegt, no enger liichter Frontalkollisioun mam Arméisgefier. E weider Won ass dem Auto an der Mëtt dropgerannt. Blesséiert gouf keen.

Kuerz no 13 Auer da krut tëscht Biissen a Béiwen en Auto a Bam ze paken. Hei gouf eng Persoun verwonnt. Ugestouss gouf dann an der Stad op der Kräizung Rue des Aubepines a Route de Longwy eng Persoun, déi blesséiert gouf.

Gebrannt hat da “Rindenmulch” an der Stad an der Rue Dicks an an der Rue Leon Hengen, en Traffo zu Rëmerschen, e Feld bei Nidderfeelen, eng Kichen zu Eppelduerf an eng Weed op der N28 tëscht Bous an Éiter.

Back to Top
CIM LOGO