KierchbiergAccident um Boulevard J.F. Kennedy, Chauffer fir eng Kontroll am Spidol

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg de Moie géint 9 Auer huet en Automobilist um Kierchbierg um Boulevard J.F. Kennedy a Richtung Rond-point Serra d'Kontroll iwwer säi Won verluer.
© Domingos Oliveira

Hien ass dunn an eng Mauer gerannt. De Chauffer koum fir eng Kontroll an d'Spidol. Fir d'Zäit vun den Opraumaarbechte war 1 Spuer blockéiert.

Den CIS aus der Stad an d'Ambulanz aus der Stad waren op der Plaz.

Back to Top
CIM LOGO