
Géint 2.30 Auer hat eng Automobilistin op enger Kräizung tëscht Clierf a Boxer d’Kontroll iwwert hire Won verluer. Den Auto krut fir d’éischt en Hiwwel ze paken, ass ofgehuewen an huet sech doropshin iwwerschloen.
Déi dräi Fraen am Auto goufe verwonnt an hu missen an d’Spidol. Et huet sech spéider nach erausgestallt, dass d’Automobilistin ze vill gedronk hat.
Chauffer aus dem Verkéier gezunn
Och gedronk hat e Chauffer, dee géint 2 Auer vun der Police gestoppt gouf, nodeems hien zu Hollerech duerch rout gefuer war. Bei der Kontroll koum eraus, dass hien ze déif an d’Glas gekuckt hat. De Mann huet säi Permis nach op der Plaz missen ofginn.