CGDISAccidenter an ee Feier an de leschte Stonne mat 5 Blesséierten

RTL Lëtzebuerg
Wéi de CGDIS mellt, gouf et en Donneschdeg kuerz 17 Auer en Accident zu Kielen an der Aktivitéitszone.
© RTL Archivbild

En Auto an e Moto hate sech do ze pake kritt. Eng Persoun gouf blesséiert.

E Freideg de Moien géint 7.40 Auer hat et zu Péiteng an der Rue de l'Europe tëscht 2 Autoen gerabbelt. Zwou Persoune  goufen heibäi verwonnt.
 
Um 8.40 Auer huet et an enger Kichen am Killewee um Findel gebrannt, och hei gouf et ee Blesséierten.

Kuerz no 9 Auer krute sech tëscht Diddeleng a Beetebuerg en Auto an e Moto ze paken. Eng Persoun gouf verwonnt.

Back to Top
CIM LOGO