
Zu Altwis krute sech e Mëttwoch géint 18.20 Auer zwee Ween ze paken. D’Secouriste vu Munneref an Diddeleng waren op der Plaz. Eng Persoun gouf verwonnt.
Da mellt de Rettungsdéngscht nach e weideren Accident en Donneschdeg de Moien um 9 Auer, dat op der RN14 tëscht Steeën a Miedernach. Och hei gouf et ee Blesséierten.
Um CR158 tëscht der Kockelscheier a Réiser huet sech en Donneschdeg géint 16.43 een Auto iwwerschloen. Eng Persoun gouf blesséiert, eng Ambulanz an ee Samu waren op der Plaz.