
Da goufen d’Modalitéite festgehale fir eng Allocation de Reconnaissance fir fräiwëlleg Pompjeeë vum CGDIS. De Grand-Duché kritt e Regime fir de sougenannte Contrôle de concertation, wann zum Beispill Firme fusionéieren.
Da gouf e Projet validéiert, mat deem Acteuren aus der Landwirtschaft encouragéiert ginn, fir Waasser nach emol ze benotzen, notamment bei Bewässerungen.
D’Bedeelegung vun der Lëtzebuerger Arméi un der europäescher Formatiouns-Missioun am Mosambik gouf ëm 2 Joer bis de 15. November 2025 verlängert.