ShoahAccord tëscht Regierung an der jiddescher Communautéit iwwer Entschiedegungen

Monica Camposeo
De Staat huet sech engagéiert, den Iwwerliewende vun der Shoah eng forfaitaire Zomm vun enger Millioun Euro ze bezuelen.

Holocaust Gedenkdag a Shoah / Reportage Monica Camposeo

Méi wéi 75 Joer nom Enn vun der Besatzungszäit hunn d’Regierung an déi jiddesch Communautéit um Mëttwoch en Accord ënnerschriwwen, deen d’Entschiedegunge fir d’Spoliatiounen an de 40er Jore reegele soll.

RTL NEWS: Invité vun der Redaktioun (27. Januar) - François Moyse Jiddesch Communautéit ass zefridde mam Accord iwwer Entschiedegungen

Accord tëscht Regierung an der jiddescher Communautéit
De Staat huet sech engagéiert, den Iwwerliewende vun der Shoah eng forfaitaire Zomm vun enger Millioun Euro ze bezuelen.

An deem Accord gouf och festgehalen, dass d‘Fondation pour la Mémoire de la Shoah 120.000 Euro am Joer fir eng Period vun 30 Joer fir hir Aarbecht vun der Erënnerung un der Shoah kritt.

Och de Comité pour la mémoire de la Deuxième Guerre mondiale kritt fir 10 Joer 65.000 Euro am Joer zougesprach.

Am Ganzen engagéiert sech de Staat fir 2 Milliounen Euro bis 2025 fir universitär Recherchen an Aarbechten, déi den Accès zu archivéierten Dossieren erméiglechen, zur Verfügung ze stellen.

Dës Decisioune wieren eng logesch Konsequenz, nodeems een zesummen versiche géing, d’Geschicht opzeschaffen, esou de Staatsminister Xavier Bettel op der Pressekonferenz.

PDF Pressedossier

Back to Top
CIM LOGO