Aus Olai gëtt OnaAccueil an Integratioun sinn zwou verschidde Saachen

RTL Lëtzebuerg
Accueil engersäits an Integratioun anerersäits sinn zwee ganz verschidde Voleten, déi an Zukunft solle getrennt ginn.

Zanter dem massiven Afflux vu Flüchtlingen 2015 bleiwen d'Asyldemanden all Joers nach ëmmer zimlech héich. Zejoert goufen zum Beispill 2205 „demandes de protection internationale“ gestallt an donieft hunn 17.000 Leit aus der europäescher Communautéit a Länner wéi Island, der Schwäiz, Liechtenstein an Norwegen, sech hei am Land enregistréiert.

D'Immigratioun ass deemno e ganz wichtegen Domaine, deen ëmmer weider wiisst an deen dofir och anescht strukturéiert soll ginn.

Aus Olai gëtt Ona / Reportage Annick Goerens

An zwar soll den Accueil, dozou gehéieren, déi administrativ Demarchen,  fir eng „protection internationale“ ze kréien, den Hebergement vun den Flüchtlingen an all zousätzlech Hëllefsleeschtunge getrennt ginn vun der Integratioun. Bis ewell goufe béid Beräicher vum OLAI, dem „Office luxembourgeois de l'accueil et de l'intégration“ geréiert, den dem Familljeministère ënnersteet. Elo soll dës Struktur opgeléist ginn an dofir den  ONA, den „Office national de l'accueil“ entstoen, deen dann ënnert dem fir d'Immigratioun zoustännegen Ausseministère stoen.

D'Familljeministesch Corinne Cahen erkläert:

„Do geet et drëms, dass mer op der enger Säit am Immigratiounsministère déi Leit déi eng demande de protection internationale maachen, dass se do am Immigratiounsministère alles aus enger Hand kréien. Dat heescht, dass se wëssen, wou se dru sinn, dass se sech och ëm den Accueil vun deene Leit këmmeren. An op der anerer Säit d'Integratioun, dass mir déi nees vill méi héich hänken, well wéinst der Flüchtlingskrise hu mer ganz dacks d'Integratioun ëmmer mat Flüchtlinge gläich gesat. Mä Integratioun ass vill méi. Mir hunn iwwer 10.000 Leit, déi net eng demande de protection internationale maachen, déi all Joers op Lëtzebuerg wunne kommen an och déi wëlle mir integréieren. An dat wëlle mir vill méi thematiséieren an dofir gëtt et een neien Departement Integratioun, den Ament am Familljeministère.

Der Integratioun soll also méi eng grouss Roll zoukommen. A sengem Avis iwwer dëse Gesetzprojet gëtt de Staatsrot awer ze bedenken, dass de Contraire kéint de Fall sinn an dass d'Integratiounspolitik kéint hir Visibilitéit verléieren.

CSV: Rien à signaler

Wat d'Oppositioun vun dëser Reform hält, huet de Paul Galles vun der CSV erkläert.

„Mir sinn der Meenung, dass et Zäite gouf, wou jo fir déi ganz Froe ronderëm „demandeurs de protection internationale“ eng ganz Rei Leit zoustänneg waren, déi sech da géigesäiteg d'Responsabilitéit zougeschoustert hunn. An hei gëtt awer trotzdeem dofir gesuergt, dass dat elo ënnert een Daach kënnt, bezéiungsweis an eng Richtung geet an dat wëlle mir ënnerstëtzen. An dofir hu mer haut och d'Amendementer déi de Staatsrot vun eis verlaangt matgestëmmt a mir stinn hannert dësem Projet“.

Viraussiichtlech géing den Direkter vum OLAI Yves Piron och duerno Direkter vum ONA ginn, sou d'Familljeministesch Corinne Cahen. Rapporter vum Gesetzprojet ass iwwregens de liberalen Deputéierten Max Hahn.

Politesch Logik?

Hannert de Kulissen héiert een awer och aner Grënn fir dës Trennung. Den Accueil ass e politesch kniwwelege Beräich, besonnesch, wann et hannen a vir net duer geet mat Logementer fir Flüchtlingen.

Sträit oder Tensiounen tëscht Immigratioun an OLAI sinn ons di lescht Joren puer Mol zu Ouere komm. An international Engagementer vum Jean Asselborn hätten Aarbecht fir den OLAI a d’Corinne Cahen bedeit.

Dorop ugeschwat äntwert d’Famillen- an Integratiounsministesch:

„Ech sinn immens erstaunt, well ech kann Iech wierklech mat dausender Sécherheet soen, datt ech ni eppes vun engem Sträit matkritt hunn. Ganz am contraire, nee wierklech, mir (Corinne Cahen a Jean Asselborn, nvdr) haten Pressekonferenzen zesummen, mir hu ganz einfach Telefone gehat. Um ganz kuerzen administrative Wee hu mir eis ugeruff tëscht der Immigratioun, dem Här Reiter, dem Här Piron aus dem OLAI, de Ministär, de Cabinet. Net méi spéit wéi gëschter (en Dënschdeg) hunn ech de Jean Asselborn wéinst enger Geschicht um Telefon gehat (…)“.

Fakt ass awer: gëtt d’Gesetz ugeholl, dann ënnerleit e groussen Deel vum aktuellen OLAI dem Jean Asselborn an net méi dem Corinne Cahen. Fir d’Beamte vun der Immigratioun an déi vum OLAI ännert u sech soss näischt. Hir Aarbecht bleift schwiereg an ondankbar. Dacks gi se kritiséiert, well net genuch géing gemaach ginn an anerersäits gëtt et gären emol Näid an der Gesellschaft, wann ze vill gemaach gëtt.

Back to Top
CIM LOGO