Chargéen am EnseignementACEN beschwéiert sech, dass Fonctionarisatioun net viru geet

RTL Lëtzebuerg
Nodeems eng parlamentaresch Fro iwwert d'Aarbechtskonditioune vun de Chargéen op d'Mëssstänn higewisen huet, mellt och d'ACEN sech elo zu Wuert.

D’Associatioun vun de Chargéen am Enseignement weist drop hin, dass d’Leit zanter 2,5 Joer keng Äntwert géife kréien, wa se eng Demande maachen, fir sech fonctionariséieren ze loossen. Et géif kee Retour aus dem Ministère kommen an d’Leit géifen ignoréiert ginn, heescht et vum ACEN-President Luc Wildanger an engem Pressecommuniqué.

D’Konditioune vun der Fonctionarisatioun wieren dann och net gutt, woufir vill Leit et net maache wéilten.

Et géif een och ëmmer nach op eng Begrënnung waarden, wisou et legitim soll sinn, dass Employéen an de Schoule bis zu engem Drëttel méi Coursen hale mussen, ewéi d’Fonctionnairen. Am Extremfall géif e Chargé an 10 Joer sou vill Coursen halen, wéi e Fonctionnaire a 15 Joer.

PDF: De Pressecommuniqué vun der ACEN

Back to Top
CIM LOGO