Joresmissioun FMIAdaptatioune beim Index an dem Pensiounssystem gefrot

Claude Zeimetz
Den FMI plädéiert an Zäiten vun héijer Inflatioun fir Ajustementer beim automateschen Indexsystem.
Joresmissioun FMI
Den FMI plädéiert an Zäiten vun héijer Inflatioun fir Ajustementer beim automateschen Indexsystem.

Et sollt een entweder op de Wee goen, fir just d’Kärinflatioun ze indexéieren oder geziilt déi niddreg Léin ënnerstëtzen zum Beispill duerch e progressive System. Dës waarm Gromper dierft awer wuel am Waljoer keng vun de politesche Parteien méi upaken.

Den Internationale Wärungsfong war an de leschten zwou Wochen fir seng Joresmissioun am Grand-Duché an huet um Freideg seng Konklusioune virgestallt. D’Strenzpolitik och vum leschten Tripartitesaccord zum Beispill gesinn d’Experte vum FMI éischter kritesch. Besser wiere méi cibléiert Hëllefsmesuren fir déi, di et wierklech brauchen. Fir de Rescht soll d’Präissignal spillen, fir Energie ze spueren.

Wat de Logement betrëfft, fuerdert den Internationale Wärungsfong verstäerkten Efforten um Niveau vun der Offer, besonnesch beim abordabele Wunnraum. Mesuren, déi d’Demande ënnerstëtzen, wéi zum Beispill déi annoncéiert Hausse vum “Bëllegen Akt” sollt ee léiwer si loossen. Vill méi misst méi dicht gebaut ginn an déi administrativ Barrièren ofgebaut ginn.

Positiv ervirzesträichen ass, datt d’Lëtzebuerger Wirtschaft gutt duerch déi aktuell Kris komm ass, de Finanzsecteur wier weider an enger gudder Positioun an den Aarbechtsmaart weider staark géif bleiwen. Mëttel- bis laangfristeg wier de Staat awer gutt beroden, seng Ausgabepolitik op de Leescht ze huelen fir ze kucken, wou geziilt gespuert kéint ginn. Och de Pensiounssystem misst eleng wéinst der Generatiounsgerechtegkeet op de Leescht geholl ginn. Lëtzebuerg wier mat dat Land, wou prozentual zum Loun déi héchste Pensiounen géifen a wou d’Leit däitlech virum legale Pensiounsalter an d’Pensioun ginn. Laangfristeg wier dee System net oprecht z’erhalen.

Back to Top
CIM LOGO