An déi Story war ëm 2015 gelaf, giess, aus, finito…! D’Katarien hate sech fir dat grousst Areal vun der Stäreplaz intresséiert; esou e Volume, dee ka verbaut ginn, kritt een net all Dag, en plus an esou engem Land wéi Lëtzebuerg.
De Willy Hein war ee vun de Proprietäre vun der Stäreplaz. No engem Immobilientausch konnt de Projet konkretiséiert ginn. Dat heescht: duerch d’Retarden um Projet huet de Katar, deen iwwer eng Bank bedeelegt war, den Interessi verluer. An dunn ass Abu Dhabi erageklommen.
Aus den 2 Proprietäre gouf also dunn een – en Immobiliëfong vun Abu Dhabi, fir deen de Romain Muller, als Direkter vu Firce Kapital, schafft. Si verwalten d’Gebaier, këmmere sech ëm alles, wat d’Proprietäre vum Ausland aus net selwer kënnen oder wëlle maachen. Och iwwert dem Hamilius steet Abu Dhabi, d’Vereenegt Emirater wieren awer ugangs net wéinst Maueren an d’Land komm, mee wéinst der Attraktivitéit vum Grand-Duché, wat d’Fongen ugeet.
De Privatfong vun Abu Dhabi wier weltwäit ënnert den Top 3, wat esou Investissementer ugeet an hätt sech mat den Iddie vun der Politik a Saache Royal Hamilius kënnen identifizéieren. Haut gehéiert hinnen: de Parking, fréier den Aldringer; sämtlech Büroen an d’Geschäfter, d’Wunnengen wollt de Fong net.
D’Areal, dat der Stad gehéiert huet, wier duerch d’Visioun vu Politiker wéi Helminger, Bettel a Polfer zu deem ginn, wat et elo ass, erkläert de Romain Muller vu Firce Capital. Kee kompletten Ausverkaf vu Lëtzebuerger Territoire also, mee en temporären…um ganzen Hamilius läit nämlech eng Emphyteose vu 75 Joer.
Fir d’Stäreplaz ass dat net de Fall, mee do kéint och Abu Dhabi op eemol d’Flemm kréien. No PAG- a PAP-Prozedure wier et elo den ëffentlechen Transport, dee géing bremsen, amplaz de Projet Stäreplaz virun ze bréngen.
An esou héich wéi gewollt dierfte si och net, net gutt fir en Investisseur, deem et am Endeffekt ëm de Rendement geet.