Agence entschëllegt sechAdem huet Danz-Pedagogin een Job als Stripperin ugebueden

RTL Lëtzebuerg
Eng Danz-Pedagogin gouf vun der Adem invitéiert, sech op e Posten als Striptease-Dänzerin an Escort-Girl ze mellen.

Nodeems eng Foto vun der Offer an de sozialen Netzwierker d’Ronn gemaach huet, war d’Opreegung grouss. Zwou Kandidatinnen hate sou e Schreiwe kritt.

Si wieren awer informéiert ginn, datt si där Demande net missten nokommen an datt et keng Konsequenze fir den Dossier géing ginn. Dat äntwert den LSAP-Aarbechtsminister Georges Engel de gréngen Deputéierten Djuna Bernard a Charles Margue.

Leschten Donneschdeg hätt d’Adem sech bei de Kandidatinnen entschëllegt. D’Ëntschëllegunge wieren ugeholl ginn.

Déi normal Prozedure wieren an dësem Fall net agehale ginn an et géing sech ëm e Feeler handelen, dee bei der Adem geschitt ass.

PDF: Réponse à la question N° 6148 concernant Assignations de l'ADEM

Back to Top
CIM LOGO