
Vun e Sonndeg bis e Mëttwoch gouf am Norde vum Land eng Konferenz vun deenen aacht Länner organiséiert, wou d'Aarbechtsagence op d'mannst zum Deel däitschsproocheg ass, dat deelt d'ADEM haut an engem Communiqué mat.
Nieft Lëtzebuerg waren d'Belsch, Däitschland, Liechtenstein, Holland, Italien, Éisträich an d'Schwäiz beieneen, fir iwwert déi aktuell Entwécklungen um Aarbechtsmarché an d'Moderniséierung vun de Verwaltungen ze schwätzen.
Am Fokus stoung ënnert anerem déi geplangten Ännerung op EU-Niveau, déi virgesäit, datt an Zukunft dat Land, wou ee Salarié fir d'lescht geschafft huet, de Chômage ausbezuele muss an net méi dat Land, wou déi Persoun wunnt. Och d'Digitaliséierung an d'Betreiung vu Leit, déi op der Sich no enger Aarbecht sinn, ware Sujeten.
Dës Konferenz gëtt iwweregens all Joer an engem vun deenen aacht Länner organiséiert.