OppositiounADR géint Reform vum Gemengewalrecht

RTL Lëtzebuerg
D'ADR ass net d'Accord mat der annoncéierter Reform vum Walrecht op Gemengenniveau.
© RTL Archivbild

Deemno soll d'Frist vu 5 Joer, déi en auslännesche Matbierger bis lo muss am Land gewunnt hunn, bei de Gemengewalen ewechfalen.

D'Oppositiounspartei freet awer, datt dës Waardezäit bäibehale gëtt an héchstens op 3 Joer gekierzt gëtt.

Weider ass d'Partei der Meenung, datt Auslänner d'Walrecht fir d'Chamberwalen a Referenden nëmmen solle kréien, wa si d'Lëtzebuerger Nationalitéit hunn.

An engem Schäfferot dierften och nëmme Leit sëtzen, déi Lëtzebuergesch op héijem Niveau schwätzen, sou d'ADR an engem Positiounsschreiwes.

D'Partei stellt, datt och fest, datt an hiren Aen, d'Regierung mat der Reform vum Gemengewalrecht d'Lëtzebuerger an d'Auslänner wéilt progressiv a komplett gläichstellen, wat d'politesch Rechter ugeet.

PDF: Schreiwes vun der ADR

Back to Top
CIM LOGO