Froen zu der KriminalitéitADR kritiséiert d'Kommunikatiounspolitik vun der Regierung

Lynn Cruchten
Diana Hoffmann
D'ADR ënnerstellt der Regierung, d'Kriminalitéit hei am Land wëllen ze verheemlechen.
ADR kritiséiert d'Kommunikatiounspolitik vun der Regierung
D’ADR ënnerstellt der Regierung, d’Kriminalitéit hei am Land wëllen ze verheemlechen.

Parlamentaresch Froen zu deem Sujet géingen déi zoustänneg Minister net zefriddestellend beäntweren.

ADR Kommuniktioun Regierug / Reportage Diana Hoffmann

An de leschten zwee Joer huet d’ADR eng ganz Partie parlamentaresch Froe gestallt, fir Abléck an d’Statistiken iwwert d’Kriminalitéit ze kréien. Ënner anerem wollt ee wëssen, wéi vill Attacke mat Stéchwaffen et bis ewell dëst Joer gouf. D’Äntwert dorobber war, dass weder déi polizeilech- nach déi geriichtlech Datebanke fir eng automatiséiert Recherche zum Modus operandi ausgeluecht wier. “Entweder de Policeminister, an och d’Justiz, wëssen net, wéi vill Messerattacke mer an engem Joer hunn. Dann ass dat an eisen Ae ganz grave”, sou de Fred Keup. Oder et wéisst een et, mä wéilt et net no bausse soen. Et géing sech also entweder ëm Inkompetenz oder schlechte Wëllen handelen. An anere Länner wéi an Däitschland oder Frankräich géingen et awer esou detailléiert Statistike ginn.

© Pierre Deleau

Als anert Beispill fir Intransparenz gouf de Virfall um Fussballterrain zu Esch genannt, wou am Januar e Mann mam Messer op Leit duergaange war. “Wann dat do am Ausland geschitt wier, da wier spéitstens den Dag drop eng Pressekonferenz gewiescht”, mengt de Parteipresident. Do hätt senger Aschätzung no d’Police oder eventuell de Minister gesot, wat passéiert ass. Esou kéint ee Rumeure virgräifen. Iwwerhaapt wier et am Ausland, an Däitschland oder Frankräich normal dass, wann eppes méi Schlëmmes geschitt, wat d’Ëffentlechkeet erreecht, géing no bausse kommunizéiert ginn.

Hei am Land géing et heeschen, et géing net no bausse kommunizéiert ginn, fir d’Ermëttlungen net ze stéieren. An den Ae vum Fred Keup géing een awer zum Beispill mat dem Publizéiere vu Statistike keng Enquête beaflossen. Säi Virworf ass, dass d’Minister net hirer Verflichtung nokéimen, den Deputéierten Äntwerten ze ginn.

Back to Top
CIM LOGO