No Krawallen an der StadADR stellt Policeasaz a Fro a gëtt vun CSV a Pirate kritiséiert

RTL Lëtzebuerg
D'ADR stellt de Policeasaz e Samschden an der Stad am Kader vun der Manifestatioun op e puer Punkten a Fro.

No der Entrevue den Dënschdeg de Moie mam Policeminister Henri Kox an der zoustänneger Chamberkommissioun kritiséieren d’Oppositiounsparteien CSV an d’Piraten, net ewéi soss bei anere Sujeten mol gären d’Regierung, mä den Deputéierte vun der ADR, de Fernand Kartheiser.

Oppositioun iwwer d’Maniff/Reportage Pierre Jans

D’Biller vun e Samschdeg huet jiddereen nach am Kapp. Dës Kéier wollten déi Responsabel fir déi bannenzeg Sécherheet näischt ubrenne loossen. An dat ass gutt esou, lueft den CSV-Deputéierte Laurent Mosar.

Wa mir d’Direktioun vun der Police de Weekend virdru kritiséiert haten, musse mir awer elo soen, dass quasi alles perfekt gelaf ass iwwer dëse Weekend. D’Police hat dat excellent am Grëff.

Esou géif den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser dat net beschreiwen. Fir seng Partei ginn et nom Weekend nach oppe Froen. Zum Beispill, ob de Waasserwerfer vun der belscher Police wierklech huet missten an den Asaz kommen, oder nach:

Den Asaz vun de Policehënn. Dir hutt gesinn, dass – net um Glacis mä op enger anerer Plaz - och eng Passantin mat hire Kanner bëssen Angscht hat. E Policehond hat si ugebillt ouni Maulkuerf. Do muss een e bësse kucken.

Déi Ausso schmaacht dem Laurent Mosar guer net.

Ech fannen déi extrem schlëmm. Hei ass et och d’Verantwortung vun den Elteren, hir Kanner net op Demonstratiounen ze instrumentaliséieren. Nach eng Kéier: déi Kriticke vun der ADR sinn absolut net nozevollzéien.

An och de Marc Goergen vun de Pirate war an der Chamberkommissioun iwwerrascht.

Dass de Moien d’ADR der Police do Virwërf gemaach huet an do hir Fans wollt schützen. Dat ware jo hir Fans, déi op der Demo do “ADR, ADR” geruff hunn. Mir kënnen dat guer net verstoe vum Här Kartheiser. Mir hunn der Police gesot, dass si eis Ënnerstëtzung huet, fir d’Beamte weider esou ofzesécheren, wann eben déi Krawalle sinn.

Fir d’ADR ass de Spagat allerdéngs och net einfach. Engersäits ass si déi eenzeg Partei, déi wéinst hirer Corona-Politik bei ville Manifestanten nach Ënnerstëtzung genéisst. Anersäits ass d’Partei generell fir eng staark Policepresenz, esou de Fernand Kartheiser.

Ech hunn um Internet gesinn, dass déi nächst Demonstratioune keng fest Plaz sollen hunn. Dat ass natierlech e Risiko fir d’Police an och fir déi ëffentlech Sécherheet. Do kann ee liicht d’Police viru ganz grouss Hürde stellen. Mir maachen eis scho Suergen. D’Demonstratiounsrecht soll net mëssbraucht ginn. D’Police huet do natierlech eis Ënnerstëtzung fir ze kucken, dass et net kann zu Incidenten an der Stad kommen.

Den ADR-Politiker mécht Casseuren aus dem Ausland fir d’Eskalatioune responsabel. D’CSV an d’ADR ginn dovun aus, dass d’Police och den nächste Weekend mat engem groussen Dispositif wäert present sinn, fir eventuell Abuse vum Demonstratiounsrecht ze verhënneren.

Back to Top
CIM LOGO