
D’Affer hu si op de Buedem gehäit a wärend een Täter op d’Affer ageschloen huet, huet een aneren d’Posch geklaut. An dëser “Bauchtsche”, wéi d’Police se beschreift, waren ënner anerem den Handy, d’Kopfhörer an de Portmonni. Béid Täter sinn dono a Richtung Park fortgelaf. D’Affer gouf éischten Ermëttlungen no awer net blesséiert.
Weider mellt d’Police, datt um Boulevard Charles Simon an der Stad an an der Rue de Roedgen zu Récken-op-der-Mess agebrach gouf.