Keng eendeiteg Symptomer a kee Vaccin en vueAfrikanesch Schwéngspescht - e viraalt Doudesuerteel

Monique Kater
1 bis 3 doudeg Wëllschwäin den Dag kritt d'Veterinärsinspektioun den Ament gemellt an dann op Diddeleng an hire Laboratoire bruecht.

Et si meeschtens Déieren, déi Leit, wa se duerch de Bësch spadséieren, futti do leie gesinn, an dat da beim Fierschter mellen. Vun do un’s,  wou déi Afrikanesch Schwéngspescht an der Belsch ukomm ass, gëtt all Kadaver op de Virus getest a vun deenen 143 war bis elo kee positiv.

VIDEO: Schwéngspescht: 1 bis 3 Kadaveren den Dag gemellt
Vun do un, wou déi Afrikanesch Schwéngspescht an der Belsch ukomm ass, gëtt och bei eis all Kadaver op de Virus getest. Vun deenen 143 war bis elo kee positiv.

Wou si mer dru mat der Schwéngspescht? Reportage M.Kater

145 Wëllschwäin si bis elo zu Diddeleng am Laboratoire vun der Médecine Vétérinaire ofgeliwwert ginn. En Dënschdeg an der Mëttesstonn goufen 2 nei Fäll gemellt, fir deenen hir Analysen ee 24 Stonne bräicht, seet d'Manon Bourg, Veterinärin am Labo. An esou laang kee Resultat do ass, gëtt och do net gefilmt.

All Déier gëtt getest

Effektiv géif all eenzelt Schwäin, dat bei hinne lant, genee ënnert d'Lupp geholl a bis elo wiere mer komplett clean. Getest géif nach dee selwechten Dag, just de Modus Operandi variéiert. Eng ganz sensibel Method wier et, déi sech op Blutt a Mëlz konzentréiert. Bei Kadavere bei deenen een iergend en Zweiwel huet, gëtt eng komplett Autopsie gemaach.

Wat charakteriséiert d'Afrikanesch Schwéngspescht?

Et ass e ganz anere Virus, wéi dee vun der einfacher Schwéngspescht. Dee vun der Afrikanescher wier terribel resistent, iwwerbréckt säi Liewen ouni Schwäin, am Buedem, oder an der Karkass, an dat fir ronn 6 Méint.

2007 koum en aus Afrika eriwwer op eise Kontinent, zënter 2014 ass de Virus och an Ost-Europa a mécht op emol en onnatierlech enorme Saz eriwwer an Belsch. Op natierlechem Wee onméiglech, sou d'Experten.

Kee Vaccin géint d'Afrikanesch Schwéngspescht

Numm a Symptomer si quasi identesch - béid Zorte Schwéngspescht sinn net ze heelen, mä géint d'KSP gëtt et eng Impfung.

Symptomer beim Schwäin

Engem Schwäi mat afrikanesch Schwéngspescht geet et richteg dreckeg. Bis zu enger Woch kënne se nach liewen, mat hire Klengen niewendrun...d'Fierkelen hu sech schonn am Bauch ugestach. Se kréien héich Féiwer.

Wéi ee soll reagéieren

Weder infizéiert Bach nach Käiler si méi aggressiv ewéi soss. Panikéiere brauch een also net, wann een e Wëllschwäi begéint. Einfach direkt d'Hotline 24756-666  uruffen.

Op agriculture.public.lu: De leschte Stand a Saache SchwéngspeschtInformatiounen aus der Belsch

VIDEO: De kompletten Interview mam Manon Bourg
Interview mam Manon Bourg, Veterinär am Laboratoire de la Médecine Vétérinaire zu Diddeleng

Back to Top
CIM LOGO