Fir 17 verschidde VerstéissAgents municipaux kréie méi Kompetenzen, fir Gemengereglementer ëmzesetzen

RTL Lëtzebuerg
D'Pecherte kréie méi Kompetenzen, fir bei 17 verschiddene Verstéiss géint d'Gemengereglementer Protokoller kënnen ze schreiwen.

Pecherte kréien nei Kompetenzen / Reportage Fanny Kinsch

An der Chamber goufen e Mëttwochmoien 2 Gesetzer gestëmmt, mat deenen administrativ Sanktiounen agefouert ginn. D’Deputéiert vun der Majoritéit, der CSV, der ADR an de Piraten hunn d’Reform matgedroen, déi Lénk hunn dogéint gestëmmt.

Vandalismus, Littering, Kaméidi, Trottoiren oder Stroosse blockéieren, Feier maachen am ëffentleche Raum, de Mupp net an der Léngt halen oder säin Dreck net oprafen - d’Gemengen hunn haut schonn zum Deel Reglementer, déi dat verbidden. Bis elo war d’Police dofir zoustänneg, wann ee sech net dru gehalen huet. Ma dat hätt net ëmmer geklappt, sou den LSAP-Rapporter Dan Biancalana: “Vill Gemenge bekloe sech, datt d’Police an der Praxis awer keng Zäit huet, fir deene Verstéiss no ze goen a wann d’Police agräift fir esou Fäll ganz oft a Situatiounen, wou vum Parquet a senger Opportunité des poursuittes klasséiert ginn. Bei de potentiellen Täter vermëttelt dat d’Gefill, dass si maache kënnen, wat si wëllen, dass si keng Récksiicht brauchen ze huelen op anerer an an der Bevëlkerung suergt dat net nëmme geleeëntlech fir Roserei, et verstäerkt och en diffuust Gefill vun Onsécherheet an Hëlleflosegkeet.”

Elo also kréien d’Gemengen d’Méiglechkeet, fir 17 verschidden Infraktiounen administrativ Strofen anzeféieren, déi vun den Agents municipaux verhaange kënne ginn. Et riskéiert ee Protokoller vu 25 bis 250 Euro. Et wier héich Zäit ginn, sou de CSV-Deputé-Maire Georges Mischo: “D’Agente kréien elo méi Kompetenzen, méi Befugnisser a sinn awer keng Alternativ zur Police, ma just eng Ergänzung. Op där anerer Säit entlaaschten d’Agents municipaux awer d’Police däitlech mat Sanktionéiere vu sou klengen Delikter. Dat ass dann awer op Käschte vun de Gemengefinanzen, well d’Agente vun de Gemengen agestallt a bezuelt ginn.”

D’Gemenge bréichten deemno méi Suen. Fir déi Lénk awer ass d’Reform net koherent, sou d’Deputéiert Myriam Cecchetti: “Ech ginn iech e Beispill: Den Artikel 19 vum Stater Gemengereglement verbitt den ëffentleche Fridden duerch exzessiivt Gejäiz a Kaméidi ze stéieren. Hei riskéiert een eng Peine de police, wat bedeit, datt mir am Droit pénal sinn. De Punkt 5 am Artikel 3 vum Projet de loi gesäit vir, datt een am ëffentleche Raum net duerch Radioen an aner elektronesch Mëttel den ëffentleche Fridden duerch eng ze haart Lautstäerkt stéieren dierf. Hei riskéiert een eng administrativ Geldstrof. Wat rechtfäerdegt déi ënnerschiddlech Qualifizéierung tëschent dësen 2 zimmlech vergläichbare Situatiounen?”

De Fokus géing och ze vill op de Sanktiounen an net genuch um Dialog an op der Sensibiliséierung leien, fannen déi Lénk.

Back to Top
CIM LOGO