Sécherheet op der Stater GareAgents municipaux solle méi Aufgaben iwwerhuelen

Monica Camposeo
Dem Syvicol-President Emile Eicher no sollen d'Agents municipaux eng Zousazformatioun kréien. Eng séier Léisung fir de Problem géif et trotzdeem net ginn.
© RTL Archiv

Et wier gutt, dass elo e Bewosstsinn fir d'Problematik do ass, esou de Syvicol-President Emile Eicher no der Reunioun mam Interieur, der Justiz an dem Policeminister zu der Sécherheet notamment op der Stater Gare.

Mat enger Reform vun der Police wier et net gedoen, do misst nach méi entaméiert ginn. De Problem géing och net nëmmen d'Stad Lëtzebuerg betreffen, mee och aner Stied wéi Esch oder Ettelbréck. Och hei géingen d'Leit op der jeeweileger Gare déi nämmlecht Erfarunge maachen, betount den Emile Eicher. Am léifste wier et dem Syvicol, wann d'Police fir eng besser Sécherheet suerge kéint, ma hei géing et awer u Personal feelen, och wann den Ament rekrutéiert gëtt. Dowéinst ass et d'Iddi, dass Agents municipaux eng Zousazformatioun maachen, fir zousätzlech Aufgabe kënnen z'iwwerhuelen. An deem Fall wier et och méiglech, dass dës Agente kleng Inzivilitéite kënne penaliséieren.

Nieft der Fro vun der richteger Formatioun stéingen awer nach aner Punkten op, esou den Emile Eicher. Wéi eng Aufgaben iwwerhuelen dës Leit, wéi kënne si agestallt ginn? Ausserdeem bedeiten nei Aufgabe fir d'Gemengen och zousätzlech Käschten, well jo méi Agente mussen agestallt ginn.

Extrait Emile Eicher

Et misst och beduecht ginn, wat Gemengen, déi keng Agents municipaux hunn, kéinte maachen. Eng Léisung, wou een direkt kéint op e Knäppchen drécken an de Problem wier geléist, géing et net ginn, esou nach den Emile Eicher, ma et wieren awer eng Rei Pisten do. Weider Reunioune mat den ënnerschiddlechen Akteuren zu dësem Sujet sinn nach geplangt.

RTL-News: Trotz Reproche vun Oppositioun: D'Stater Buergermeeschtesch steet hannert dem Kontrakt mat Sécherheetsfirma

Back to Top
CIM LOGO