Den Asaz vun der Firma hätt an engem rezente Sondage gewisen, datt d'Leit sech besser am Quartier fillen. D'Lydie Polfer schwätzt vun engem "Hilfeschrei".

De Kontrakt mat der privater Sécherheetsfirma op der Stater Gare gëtt net annuléiert. Dat huet d'DP-Buergermeeschtesch e Méindeg am Stater Gemengerot betount, nodeems d'Oppositiounsparteien LSAP, déi Gréng an déi Lénk en direkte Stopp vun de Kontrolle gefuerdert hunn. D'Lydie Polfer huet ënnerstrach, datt een zanter Joren op d'Situatioun opmierksam mécht an dës endlech an de Grëff misst kréien. Et géif ee sech froen, wou déi Responsabel vun der Police an der Justiz déi lescht 2 Joer higekuckt hätten.

Den Asaz vun der Sécherheetsfirma - Rep. Claudia Kollwelter

D'Gemenge kéinten der Responsabilitéit, déi se vis-à-vis vun hire Bierger hunn, net méi gerecht ginn, seet d'Lydie Polfer an huet vun engem "Hilfeschrei" geschwat. Den Asaz vun der Sécherheetsfirma hätt awer an engem rezente Sondage jo och gewisen, datt d'Leit sech besser am Quartier spieren. D'Stater Buergermeeschtesch schwätzt dowéinst vun enger onnéideger Polemik: "Wann mer da wëssen, wéi déi Polemik ugaangen ass, froen ech mech, wou déi Responsabel vun der Police an der Justiz déi lescht 2 Joer higekuckt hunn."

Ënnert anerem gouf am Stater Gemengerot iwwert de Problem geschwat vu Leit, déi sech am Agang vu Wunnengen ophalen, wou den Tom Krieps vun der LSAP awer ze bedenke ginn huet, datt d'Sécherheetsfirma do net agéiere kann. D'Lydie Polfer: "Et muss eppes geschéien, entweder d'Police kann eragoen, da soll se eragoen. A wa se net kann eragoen, da soll den Text geännert ginn. Näischt aneschters froe mer. Ech weess, datt de Minister en Text an deem Sënn virbereet huet, a mir froe just, datt den Text soll kommen an ugeholl ginn."

D'Stater Buergermeeschtesch huet nach präziséiert, datt de Syvicol en Dënschdeg eng Entrevue mam Justizministère an dem Ministère fir bannenzegt Sécherheet huet. Anere Sujet war dann och d'Dezentraliséierung vun Drogen-Hëllef-Strukturen. D'Lydie Polfer huet erkläert, datt Iddien um Dësch géife leien an de Schäfferot en Donneschdeg Rendez-vous mat der Gesondheetsministesch hätt, fir ze kucken, wéi de nationalen Drogeplang soll ëmgesat ginn a wéi sech dat op d'Situatioun vun der Stad Lëtzebuerg auswierkt.