Aus dem Bulletin vun der PoliceAggressioun zu Helsem, Abroch zu Gaasperech

RTL Lëtzebuerg
Donieft ass e Méindeg zu Ettelbréck eng alkoholiséiert Fra gestallt ginn, déi an engem Supermarché geklaut hat.
© Laurent Weber

D'Police hat e Méindeg kuerz viru Mëtteg e Mann gemellt kritt, deen zu Helsem bei engem Haus geschellt hat, dat eidel steet. Engem Noper war dat opgefall, a wéi deen den Handy erausgeholl hat, ass dëse vum onbekannte Mann mat engem spatzen Objet bedreet ginn. No enger Sichaktioun konnt besote Mann ugetraff an op Uerder vum Parquet festgeholl ginn. En Dënschdeg ass hie virun den Untersuchungsriichter komm, a well hie permanent onkooperativ an aggressiv war, krut hie wéinst Rebellioun e Protokoll.

E Méindeg den Owend war d'Police op Gaasperech geruff ginn, nodeems an der Rue Giuseppe Verdi en Onéierlechen d'Fënster vun engem Auto ageschloen an eng Posch geklaut hat. Eng verdächteg Persoun konnt wéineg méi spéit gestallt a festgeholl ginn. De presuméierten Täter hat en Dënschdeg Rendez-vous beim Untersuchungsriichter.

Zu Ettelbréck hat e Méindeg den Owend eng alkoholiséiert Fra an engem Supermarché geklaut. Nach op der Plaz ass si vun der Police gestallt ginn. Wéinst hirem Zoustand a well si d'ëffentlech Uerdnung gestéiert huet, ass d'Fra no enger medezinescher Kontroll an den Arrest komm an ass protokolléiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO