Parlamentaresch FroAggressiounen am ëffentlechen Transport ginn net zeréck

RTL Lëtzebuerg
Aggressiounen am ëffentlechen Transport bleiwen en Thema, dat weist eng rezent parlamentaresch Fro an d'Zuelen, déi de Mobilitéitsministère liwwert.
© RTL (Archiv)

Ugefaange mam Personal, wat nach ëmmer am meeschte concernéiert ass. Am Zuch goufen et zejoert 121 Fäll, wou d’Personal aggresséiert gouf. Dat ass eng liicht Baisse par Rapport vun 2020. Am Bus an am Tram waren et der zejoert 60, bal duebel souvill wéi 2020.

Wat Aggressioune géint Passagéier ugeet, do klëmmt d’Zuel d’lescht Joer op 82 Fäll. Déi dräi éischt Méint vun dësem Joer goufen et bis ewell 38 Fäll.

Vill Ausernanersetzunge sinn zanter Corona op d’Respektéiere vun der Maskeflicht zréckzeféieren, esou eng Erklärung.

Schutzkabinnen dogéint kéinte Buschaufferen effektiv schützen. Den Ament géifen déi zoustänneg Autoritéiten zesumme mat de Busbedreiwer kucken, wat machbar ass. Ma et wier och eng Saach vum Käschtepunkt.

PDF: Déi parlamentaresch Fro an d'Äntwert

Back to Top
CIM LOGO