Aus dem PolicebulletinAggressiv an onkooperativ Persounen an en Iwwerfall zu Esch

RTL Lëtzebuerg
Stéiere vun der ëffentlecher Rou, Aggresséiere vu Passanten a Beamten an en Iwwerfall zu Esch. Dat waren e puer Police-Fäll aus der leschter Nuecht.

Et war nees eng vun den Nuechten, wou d’Policebeamte dacks geruff goufen, well Leit, déi ze vill gedronk haten, déi ëffentlech Rou gestéiert hunn an eng Gefor fir sech an anerer duergestallt hunn.

Eng dovunner war um Wantermaart zu Déifferdeng ënnerwee. Si war aggressiv géintiwwer anere Persounen a ganz onkooperativ géintiwwer de Polizisten. Hien duerft am Arrest schlofen, bis hien erëm fit war. Zu Bouneweg da war eng Persoun ënnerwee, déi Passante belästegt huet an och ëmmer nees an d’Strooss gesprongen ass. Och hie war net kooperativ an dierft de Rausch um Policebüro ausschlofen.

Zu Esch gouf dann eng Persoun vun zwee Männer iwwerfall, déi d’Affer mat engem Messer menacéiert hunn. Si hunn d’Wäertgéigestänn matgeholl a si fortgelaf. D’Sich vun der Police huet zu kengem Succès gefouert, d’Ermëttlunge goufen awer ageleet.

Back to Top
CIM LOGO