BiwelsAir Rescue wéinst blesséiertem Motocyclist am Asaz

RTL Lëtzebuerg
Nieft dem Motorradsfuerer mellt de CGDIS nach zwee weider Accidenter mat jeeweils zwee Blesséierten.
Symbolbild
Symbolbild
© RTL Archiv

Kuerz viru 14 Auer ass zu Biwels e Motocyclist mat sengem Gefier gefall. Hie gouf dobäi esou uerg blesséiert, datt de Samu, d’Air Rescue an d’Rettungsdéngschter vun Iechternach a Weiler-Pëtschent.

Um Antoniushaff war zu där selwechter Zäit en Auto de Rampli erofgerëtscht. Eng Persoun gouf dobäi blesséiert a vun den Ambulanciere vu Clierf versuergt. Donieft waren d’Pompjeeë vu Wëntger op der Plaz.

Géint 11.40 Auer hat et um Belval tëscht zwee Autoe geknuppt, woubäi eng Persoun blesséiert gouf. Am Asaz waren d’Ambulancieren an d’Pompjeeë vum SaDiff.

Back to Top
CIM LOGO