Äntwert op parlamentaresch FroAktuell ginn 2.141 Kanner a Jugendlecher a Mesure vu Jugendgeriicht suivéiert

RTL Lëtzebuerg
An enger parlamentarescher Fro riicht sech de Piratendeputéierte Sven Clement un d'Justizministesch am Hibléck op den Dossier de protection jeunesse.
© RTL Archivbild

Dobäi handelt et sech ëm Dossiere vu Kanner, déi an enger Institutioun placéiert ginn, well e Jugendriichter eng physesch, psychesch oder moralesch Gefor fir si an hirem aktuellen Ëmfeld gesäit.

Zu Lëtzebuerg sinn aktuell 2.141 Kanner a Jonker an esou enger Mesure, an där si vun engem Jugendgeriicht suivéiert ginn, ongeféier zwee Drëttel vum Geriicht an der Stad an een Drëttel zu Dikrech. Dës Mesurë kënne Placementer sinn oder eng Begleedung an der Famill. 58 Prozent vun de Kanner bleiwen an hirem familiären Ëmfeld mat Oplagen an/oder enger edukativer Hëllefsstellung. Knapp e Fënneftel vun de Mannerjäregen, bei deenen e Suivi vum Jugendgeriicht gemaach gëtt, 388 Kanner a Jonker, sinn an enger Institutioun placéiert, 13 Prozent bei engem Familljemember an 11 Prozent an enger Fleegefamill.

Dës Zuele liwwert d’Justizministesch Sam Tanson an der Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum Piratendeputéierte Sven Clement. Den Deputéierte wollt och wëssen, wéi dacks et an de leschten 10 Joer virkomm wier, datt eng Kontroll, déi all 3 Joer virgesinn ass, net gemaach gouf. Doriwwer géif et keng Donnéeë ginn, allerdéngs wier kee rezente Fall bekannt. Nieft dëser Kontroll, déi virgesinn ass, fir ze kucken, ob d’Mesuren nach néideg sinn, géingen och ee bis zwee Mol d’Joer d’Rapporte vum SCAS an de Foyere vun de Jugendriichter evaluéiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO