METEO: Wéi ass d'Wieder, wéi gëtt d'Wieder?Et ass déi annoncéiert ganz waarm Woch: No Warnunge fir e Méindeg an en Dënschdeg huet Meteolux huet eng Alerte Rouge fir e Mëttwoch de Mëtteg erausginn.
Am Süde vum Land kann de Quecksëlwer op iwwer 35 Grad kloteren - et heescht also oppassen: Genuch drénken a sech net iwwerustrengen!

Eng Partie Schoulen hu matgedeelt, datt d'Zyklen 1 bis 4 e Mëttwoch de ganzen Dag oder am Nomëtteg fräi kréien.
Och e puer Lycéeën hunn op d'Hëtzt reagéiert (hei den Iwwerbléck, d'Eenzelheeten méi déif): De Lycée Technique de Bonnevoie deelt mat, dass d'Schüler e Mëttwoch, Donneschdeg a Freideg de Mëtteg net mussen an d'Schoul kommen. Den Iechternacher Lycée gëtt de Schüler e Mëttwoch vun 11.50 Auer u fräi, en Accueil am Lycée ass garantéiert. Dat selwescht gëlt och fir den LGE (Lycée de Garçons Esch). Am Lycée Nic Biever hunn d'Schüler e Mëttwoch an en Donneschdeg just bis 11.45 Auer Cours. Am Dikrecher Lycée falen och e puer Coursen aus.
D'Lasel huet sämtlech Sportskompetitioune fir en Donneschdeg, 27. Juni ofgesot.
Wéinst den héijen Temperaturen hu vill Gemengen de Cours an de Grondschoulen ofgesot. Och eng Partie Lycéeën hunn déi regulär Schoulcourse fir e Mëttwoch annuléiert. D'Schoule sollen awer opbleiwen, de Schoultransport fueren an d'Léierpersonal den Encadrement vun de Schülerinnen a Schüler garantéieren.
Esou heescht et aus dem zoustännege Ministère. Och d'Stater Gemeng huet annoncéiert, dass d'Schoulstonnen e Mëttwoch fakultativ sinn. Ma wéinst der Hëtzt sinn al Problemer, nees aktuell ginn. Virun engem Joer haten Elteren sech iwwer d'Hëtzt an enger Container-Schoul um Kierchbierg beschwéiert.
De Stater Schäfferot hat Léisunge versprach. De concernéierten Elterecomité mierkt dovun awer näischt.
An der Stad Lëtzebuerg sinn d'Coursen wéi gesot e Mëttwoch de ganzen Dag fakultativ fir d'Zyklen 1 bis 4. Den nämmlechte Fall gëllt fir Käl/Kayl-Téiteng.