Invité vun der Redaktioun (16. Februar)Alexa Warnier: Wunnengsproblem fir Fraen an Nout

RTL Lëtzebuerg
Invité en Donneschdeg de Moien um 10 op 8 war d'Alexa Warnier.
VIDEO: Invité vun der Redaktioun: Alexa Warnier (16. Februar)
Invité en Donneschdeg de Moien um 10 op 8 war d'Alexa Warnier.

Lëtzebuerg huet mat 195 konventionéierte Plazen an de Fraenhaiser genuch Encadrementsméiglechkeete fir Fraen an akuter Nout. Wat awer feelt si Wunnengen, wou d'Fraen, déi meeschtens aus Gewaltsituatioune kommen, eleng oder mat hire Kanner, nees en normaalt, en autonoomt Liewe féiere kënne, dat sot eis Invitée vun der Redaktioun en Donneschden de Moien. D'Alexa Warnier schafft zanter 25 Joer am Foyer Sud zu Esch. De Foyer ass 1987, also virun 30 Joer vum Conseil National des Femmes gegrënnt ginn.

Sengem eigentleche Roll als Kriseninterventiounsfoyer kéint de Foyer Sud den Ament net gerecht ginn, sou eis Invitée vun der Redaktioun. D'Frae géifen net séier genuch eng Wunneng fannen an dofir bis zu engem Joer am Foyer bleiwen. Et géif ee mam Fonds de Logement, SNHBM an ënner anerem dem AIS zesumme schaffen. Donieft wär een och a Verhandlunge mat der Escher Gemeng fir eng Konventioun. Ma obwuel ganz vill Saachen um Rulle wären, géif et einfach net duergoen. Wa Fraen am Foyer éischter kéinten eng nei Wunneng fannen, kéint een natierlech anere Fraen déi e Problem hunn och méi séier hëllefen.

Alexa Warnier

Et wier dacks ganz deprimant, wann d'Fraen 50 bis 100 Mol fir eng Wunneng uruffen an ëmmer nees ofgewise ginn, sou d'Alexa Warnier. A well d'Plazen an de Fraenhaiser net séier genuch fräi ginn, gëtt et och Waardelëscht. Dobäi géif scho gekuckt gi fir Fraen, déi wierklech an Nout sinn, ze hëllefen. Sief et datt en Zëmmer an engem Hotel oder enger Jugendherberg organiséiert gëtt oder am Wanter mat der Wanterkaktioun zesumme geschafft gëtt. Dat wieren awer alles keng gutt Léisungen, sou d'Alexa Warnier.
De Foyer Sud zu Esch-Fraen Nout ass den Ament mat 11 Fraen a 14 Kanner komplett beluecht.

Invité en Donneschdeg de Moien um 10 op 8 war d'Alexa Warnier.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis donneschdes um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Lydia Mutsch au 30e anniversaire du Foyer Sud – Fraen an Nout (15.02.2017)

Communiqué par: ministère de l’Égalité des chances

Dans le cadre des festivités du 30e anniversaire du Foyer Sud – Fraen an Nout célébré le 15 février 2017, la ministre de l’Égalité des chances, Lydia Mutsch, a souligné que la violence domestique est un fléau sociétal qui demande un engagement permanent au niveau national et international. Elle a surtout relevé les récents développements dans certains pays du monde avec, d’une part, l’abandon du soutien de certains programmes en faveur des victimes de violence domestique et, d’autre part, la décriminalisation récente de la violence domestique. Selon la ministre, ces faits de l’actualité internationale démontrent qu’il faut veiller à ce que les acquis atteints durant des décennies de combat en faveur de milliers de filles et femmes victimes de violence domestique ne soient remis en question.

La ministre a finalement souligné que le Luxembourg dispose d’un arsenal législatif et social exemplaire qui protège les victimes et qui responsabilise les auteurs. Le Foyer Sud – Fraen an Nout du Conseil national des femmes du Luxembourg en fait partie et figure parmi les organisations partenaires de longue date du ministère de l’Égalité des chances lorsqu’il s’agit de proposer un encadrement adéquat aux victimes de violence domestique.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.
Back to Top
CIM LOGO