
Zwou Persoune waren ëm Hallefnuecht wéinst hirem Fuerstil opgefall: eng Persoun déi zu Zéisseng am Zickzack gefuer ass an eng déi zu Gaasperech an e Potto gerannt ass. Deen 3. Chauffer gouf bei enger vum Parquet ordonéierter Kontroll ugehalen. Déi war zu Angelduerf an Dikrech, do haten am Ganze 5 vu 469 Chaufferen e positiven Alkoholtest.