Police melltAlkohol, ze séier, aggressiv oder mat Waff am Auto - vill lass op de Stroossen

RTL Lëtzebuerg
D'Police huet tëscht e Sonndeg an e Méindeg 5 Chaufferen de Permis ofgeholl, déi ze vill gedronk haten an duerch hire Fuerstil opgefall sinn.

Dat zu Iechternach géint 15.30 Auer am Nomëtten, déi Fra war en plus ouni Führerschäin ënnerwee an hiert Gefier gouf saiséiert.

Géint 22.40 Auer tëschent dem Préizerdaul a Réiden, zu Déifferdeng wou en alkoholiséierte Chauffer ze séier an ouni Luuchten ënnerwee war, zu Bieles e Méindeg de Moie fréi, wou e Chauffer iwwert eng Insel gefuer ass a kuerz Zäit drop zu Hollerech an der Stad. Dee Chauffer hätt en plus e “Schlagréng” an eng Tut mat Rechter vu Marihuana am Auto gehat, wier de Beamte géigeniwwer aggressiv an ausfalend ginn an du mat op de Policebüro geholl ginn.

Och zu Péiteng hu Beamten e Mann mat op de Büro geholl, deen hätt op en Auto ageschloen a sech net wëlle berouegen.

Back to Top
CIM LOGO