
Deen hat der Police gesot, dass en Auto géing matten op der Fuerbunn stoen an de Chauffer hannert dem Steier ageschlof wier. Op der Plaz huet sech effektiv erausgestallt, datt de Mann ze déif an d’Glas gekuckt hat.
Domat net genuch. Op der Bäifuerersäit louchen zu deem Zäitpunkt nach d’Iwwerreschter vun engem Heroinkonsum an de Mann hat 2,5 Gramm vun der Drog bei sech.
Hie krut de Permis ofgeholl an e Protokoll.