
Géint 22.30 Auer koum et an der Lonkecher Strooss zu Rodange zu engem Accident. Enger Automobilistin war e Gefier op hirer Spuer entgéint komm an hat si getraff. Dobäi gouf den Auto vun der Fra an e Gefier gedréckt, wat op der Säit ofgestallt war. D'Fra am zweeten Auto ass awer net stoe bliwwen, mä einfach weidergefuer, déi rout Luucht op der nächster Kräizung huet si do net opgehalen. Si ass dunn an d'Avenue Dokter Gaasch ofgebéit, huet do hiren Auto ofgestallt an ass zu Fouss fortgelaf. Kuerz drop koum si awer op d'Plaz vum Accident zréck. Et konnt een hir ugesinn, datt se ze vill gedronk hat, ma en Test huet si verweigert an ass ëmmer méi aggressiv ginn. Well d'Beamten d'Fra net berouege konnten, koum si an de Passagearrest. Hire Permis gouf agezunn, well si keen Test wollt maachen, an den Auto gouf saiséiert, well sech erausgestallt huet, datt géint si e Fuerverbuet a Frankräich existéiert.
Ma scho méi fréi am Dag, géint 17.30 Auer, gouf eng alkoholiséiert Automobilistin gemellt, dat an der Diddenuewener Strooss an der Stad. D'Fra konnt dono an engem Bistro ugetraff ginn a war däitlech alkoholiséiert. Den éischten Test war positiv, den zweete konnt awer méi spéit net duerchgefouert ginn. Dowéinst koum si an d'Spidol fir eng Bluttprouf, de Permis war fort.
Op der A13 Héicht Diddeleng géint 21.30 Auer a géint Mëtternuecht beim Rond-point Biff goufen dann zwou Persounen aus dem Verkéier gezunn, déi hiert Gefier wéinst Alkohol net gutt am Grëff haten. Zu Diddeleng gouf d'Police du geruff, well en Auto eng Afaart blockéiert hat an de Chauffer nach am Auto louch, ze schlofen. Och hei war den Alkoholpeegel däitlech ze héich.
Ze vill gedronk, ze séier an d'Pabeieren net an der Rei hat e Chauffer zu Esch an der Rue Victor Hugo kuerz virun zwou. Den éischten Alkoholtest war positiv, den zweete wollt de Mann awer net maachen. Dowéinst wollt hie fortlafen, wat d'Polizisten awer verhënnert kruten.
Zu Buer an zu Schëndels waren dann nach vum Parquet ordonéiert Kontrollen. 412 Leit goufe kontrolléiert an a véier Fäll gouf e Protokoll wéinst Alkohol um Steier ausgeschwat. E Permis hunn d'Beamten awer net missten anzéien.
Bilan "Oflenkung hannert dem Steier"
D'Police zitt de Bilan vun der Campagne "Oflenkung hannert dem Steier". Tëscht dem 7. an 13. Juni goufe 764 Kontrolle gemaach, 241 Mol gouf e Protokoll geschriwwen, well Chauffeuren den Handy genotzt hunn, 178 Mol waren d'Bord-Dokumenter net an der Rei.