PoliceAlkoholiséiert Automobilistin zu Rodange ze séier ënnerwee

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op en Dënschdeg gouf eng Policepatrull op en Auto opmierksam, dee mat héijer Vitess duerch d'Lonkescher Strooss zu Rodange gefuer ass.

D'Automobilistin gouf ugehalen a kontrolléiert. Dobäi gouf festgestallt, dass si ze vill Alkohol intus hat, allerdéngs net sou vill, dass de Führerschäin hätt mussen agezu ginn (Resultat ënner 1.2‰).

D'Fra huet den Auto musse stoe loossen.

En Accident gouf et en Dënschdeg de Moie géint 6.45 Auer am Rondpoint Raemerech. En Auto an e Bus waren hei net laanschtenee komm. 1 Persoun gouf blesséiert. Op der Plaz waren d'Ambulanz an den Asazzenter vun Esch, grad ewéi d'Police.

Back to Top
CIM LOGO