
Um fréie Sonndegmoie géint 6.40 Auer war an der Rue du Brill zu Esch-Uelzecht en Auto wéinst sengem Fuerstil opgefall. Wéi d’Police schreift, hätt de Chauffer sech bei der Kontroll bal net op de Been hale kënnen. Wéinst dem héijen Alkoholpeegel, krut de Mann de Permis ofgeholl.
Op der A13 op der Héicht Biff hat sech géint 10.20 Auer en Auto aus bis ewell net-gekläerter Ursaach iwwerschloen. De Chauffer, dee beim Accident liicht blesséiert gouf, hat ze vill gedronk. Et gouf e provisorescht Fuerverbuet géint den Automobilist ausgestallt.
Bei engem weideren Accident zu Esch-Uelzecht hat e Sonndeg den Owend kuerz no 22 Auer e Chauffer an der Rëmelenger Strooss an der Kéier d’Kontroll iwwer säi Gefier verluer an ass iwwer den Trottoir an de Virgäertche vun engem Haus geschleidert. Hei ass den Auto an e geparkte Won an an eng Mauer gerannt. Och hei war den Alkoholtest positiv an de Fürerschäin gouf agezunn. Den Automobilist koum fir eng medezinesch Kontroll an d’Spidol.