Farerflucht an der StadAlkoholiséierte Chauffer kritt Luucht ze paken

RTL Lëtzebuerg
Op der Kräizung Route de Thionville an Dernier Sol koum et e Sonndeg kuerz no 21 Auer zu enger Kollisioun.

E Fuerer ass an der Stad géint eng Luucht gefuer an huet sech dunn duerch d'Bascht gemaach. Kuerz dorobber gouf hie vun enger Policepatrull ermëttelt. Den Alkoholtest ass positiv ausgefall. Hie war de Permis nach op der Plaz lass.

Zu Réimech koum et e Sonndeg um 19 Auer zu engem Accident mat Materialschued. En Automobilist ass op der Héicht vum Minigolf mat engem anere Gefier kollidéiert. Dëst gouf widder 2 stationéiert Autoe geschleidert. Wéi et vun der Police heescht, wier kee blesséiert ginn. Am Laf vun den Ermëttlunge koum eraus, dass de Fuerer Alkohol consomméiert hat. Hie krut e provisorescht Fuerverbuet a gouf protokolléiert.

Back to Top
CIM LOGO