
D'Police huet an der Nuecht op e Samschdeg en alkoholiséierte Chauffer géint 2:20 Auer aus dem Verkéier gezunn, dee mat sengem Auto mat héijer Vitess bal an d'Barrière vum ënnerierdesche Parking um Knuedler gerannt ass. En hat dann och nawell béis Problemer, fir säin Ticket an den Automat ze stiechen.
Well de Mann duerch säi Verhalen opgefall ass huet en en Alkoholtest misse maachen, dee positiv ausgefall ass. Hie krut säi Führerschäin ofgeholl.