Biergerinitiativ vun Amber dierft et freeënGeplangten Héichspannungsleitung tëscht Aach (D) a Boufer kritt een anere Verlaf wéi initial geplangt

Claudia Kollwelter
Buergermeeschter vu Jonglënster Ben Ries: "Et wier dat beschtméiglecht Resultat"

Ënnert anerem d'Biergerinitiativ vun Amber dierft et freeën. Déi geplangten Héichspannungsleitung vun der Creos, tëscht Aach an Däitschland a Boufer kritt een anere Verlaf wéi initial geplangt. Am Kloertext, déi ëmstridden Héichspannungeleitung verleeft domadder méi wäit vun den Uertschaften Eesebuer an Aasselscheier. Dowéinst seet sech och de Lënster Buergermeeschter Ben Ries am RTL-Interview ganz zefridden.

"Et wier dat bescht méiglecht Resultat", seet de Buergermeeschter vu Jonglënster iwwert d'Upassunge vum Tracé vun den 380 KV-Leitunge bei Eesebuer. D'lescht Woch huet d'Ëmweltverwaltung gréng Luucht fir Ännerunge vum Tracé ginn. D'Gemeng Jonglënster hat d'Upassunge vum Tracé vun der 380-Kilovolt-Leitung gefrot, virun Eesebuer. Upassungen, déi och elo vun der Creos zréckbehale gi sinn.

De Buergermeeschter, Ben Ries:

“De ganzen Tracé geet jo queesch duerch déi ganz Gemeng. Jidderee wäert déi Héichspannungsleitunge gesinn. Et kommen awer och eng Rei ewech, dat muss een och ganz fairerweis soen. Do si verschidde Leitungen, déi ewechkommen bei den Dierfer. Do sinn och eng ganz Rei Leit, déi wäerte frou sinn, dass se verschwannen. An do, wou se bei d'Dierfer kommen, Eesebuer haaptsächlech an dann och tëschent Buerglënster a Lënster an dann och Grolënster, do hu mer am Fong déi bescht méiglechst Variante respektiv Ännerunge konnten duerchsetzen bei der Creos. “

Fir de Projet besser an d'Landschaft ze integréieren, wiere verschidden Adaptatioune gemaach ginn, erkläert de Claude Kraft vun der Creos:

“Mir mussen natierlech och kucken, wa mer duerch Bëschgebidder ginn, fir do Weeër ze fannen, déi existent sinn, fir dass mer sou mann wéi méiglech Impakt an de Bësch maachen. An dat hu mer och do nach eng Kéier e bëssen ugepasst. An dann ass heiansdo och nach d'Topografie dobäi, fir d'Leit do e bësse méi vum Sichtschutz ze verstoppen. Dat war d'Ursaach, firwat déi kleng Optimiséierung do an der Héicht vun Eesebuer geschitt ass.”

 Wat d'Héicht vun de Masten ugeet, do misste verschidde Saache consideréiert ginn.

 “Op der enger Säit hu mer eng Kéier déi elektresch Ofstänn, déi tëschent de Seeler an dem Buedem oder Objeten drënner, mussen agehale ginn. An da kënnt awer nach eng Virgab vum Ministère de l'Environnement dobäi, dass wa mer mat Leitungen iwwert d'Bëscher ginn, da musse mer och d'Distanz vun de Seeler zum Ennwuess vun de Beem anhalen. An do spillt heiansdo d'Topografie vum Terrain och eng Roll, wou mer vläicht éischter engem aneren Terrain noginn, fir manner Bëschhéicht ze hunn.”

Fir den Tronçon tëscht Boufer an der däitscher Grenz geet d'Creos dovun aus, all d'Autorisatioune bis Mëtt nächst Joer ze hunn. Da gëtt mat den Zoufaartsweeër ugefaangen, bis bei d'Masten, ier d'Fundamenter dann 2028 gebaut ginn a Mëtt 2030 d'Leitung a Betrib geholl an ënner Stroum gesat gëtt.

Back to Top
CIM LOGO