
E Samschdeg de Moie si kuerz virun 10 Auer zwee Autoen zu Jonglënster an der Route de Luxembourg anenee gerannt. Bei deem Accident goufen net manner wéi 3 Persoune verwonnt. Am Asaz waren d'Pompjeeë vu Jonglënster, grad ewéi Ambulanze vu Jonglënster an aus der Fiels.
Géint 10:40 Auer ass zu Réiden an der Rue de la Piscine eng Persoun ugestouss a blesséiert ginn. D'Ambulanz vu Miersch gouf op d'Plaz geruff, grad ewéi d'Pompjeeë vu Réiden.